Lena mam Corinne Wagner & Olivier Stéphane vu Sëll: Ech ginn ze Fouss oder mat der Trotti an d’Schoul!
D‘Lena geet oder rullt all Dag mat sengem Papp Olivier oder senger Mamm Corinne an d’Schoul. Si wunne 500 Meter wäit wech vun der Sëller Schoul, wou d‘Lena an d‘Spillschoul geet.
Haut ginn ëmmer méi Kanner mam Auto bei de Busarrêt oder an d’Schoul gefouert. Firwat haalt Dir weiderhin drop, dass d’Lena ze Fouss an d’Schoul geet?
Et deet einfach gutt moies um Wee fir an d’Schoul frësch Loft ze schnapen an e bëssen dobaussen ze sinn als Iwwergaang zwëschen der Schoul an doheem. Wann ee mam Auto bis bei d’Schoul gefouert gëtt, ass dat net de Fall. Mir fannen et interessant de Wiessel vun de Saisone matzëerliewen. Lo am Fréijoer héiert een d‘Villercher sangen, am Hierscht spille mer mat de Blieder déi eroffalen, am Wanter stampfe mer duerch de Schnéi.... Dat alles ass méi flott wéi Autofueren!
Natierlech muss ee sech e bëssen Zäit huelen, et sëtzt een oft méi séier am Auto wéi ee kucke kann! Mee di wéineg Zäit, di ee mam Auto gewënnt, mécht all di aner Virdeeler vum ze Fouss goen net wett: eng besser Gesondheet an ee méi héicht Wuelbefannen, eng Connectioun zu sengem Ëmfeld, méi sozial Kontakter,...
Wat mengt Dir sinn d‘Ursaachen, dass net méi Kanner ze Fouss an d‘Schoul ginn?
Engersäits ass et sécherlech aus zäitleche Grënn, vill Eltere setzen hier Kanner um Wee fir op d‘Aarbecht bei der Schoul of. Anerersäits ass et bestëmmt och duerch de steigende Verkéier an di vill Autoen, Trakteren an Camione bedéngt, déi ze séier duerch eis Dierfer fueren. Dat bréngt mat sech, dass et vill méi geféierlech fir d'Kanner um Trottoir ginn ass. D'Eltere bréngen dann ebe léiwer hir Kanner mam Auto an d'Schoul, wéi dass se hir Kanner selwer ze Fouss an d'Schoul goe loossen.
Eng 3. Ursaach ass vläicht déi, dass et einfach eng Saach vun der Gewunnecht ass. Et ass méi praktesch a méi kammoud mam Auto ze fueren, ënnert dem Virwand : “O, et reent haut", oder " Et ass ze kal”... an da sëtzt ee schonn am Auto!
Wat sinn an ären An d’Virdeeler fir d’Kanner wann se ze Fouss an d’Schoul ginn?
Et besteet keen Zweiwel, dass ze Fouss goe méi gesond ass wéi Autofueren. Et ass och bewisen, dass ze Fouss goe positiv Auswierkungen op de Kanner hier Perséinlechkeets-Entwécklung a Léier-Fäegkeet huet.
Fir eis ass d‘Zäit um Schoulwee och ee kuerze Moment, dee mer mam Lena zesumme kenne verbréngen, ouni sech zousätzlech mussen op de Stroosseverkéier ze konzentréieren. Mir kënnen dann iwwer seng Erliefnesser vun der Schoul schwätzen oder einfach drop lass quatschen. Mir huelen eis och Zäit eist Ëmfeld ze kucken, mir treffe Leit ënnerwee mat deene mir diskutéieren, ... dat mécht alles Spaass.
Wat ass äre Message un d’Lieser ?
Den Trottoir ass fir d‘Foussgänger, d‘Strooss ass fir d‘Autoen! D‘Autosfuerer sollen also esou parken, dass d‘Foussgänger nit mussen an d‘Strooss auswäichen.
D‘Autosfuerer sollen an den Uertschaften de Code de la Route respektéieren (d.h. max. 50km/h) an un d‘Foussgänger denken!