Man & Raoul mam Tun, Jo, Lou a Lili Clausse vu Sëll: “ Unsere kleine Farm...?"
D’Famill Clausse huet net nëmme Schwäin, Hénger an Inten, mee si wunnen an engem vun de wéinegen Haiser an der Gemeng, déi praktesch komplett mat Holziewe gehëtzt ginn.
Wéi kënnt et, dass Dir mat Holz hëtzt?
Enn den 1970er Jore sinn ech eraus aus der Stad geplënnert, fir mäin Dram vum Landliewen ze realiséieren. Ech hunn deemools ugefaang dësen Haff ze renovéieren. Déi al Masuttsheizung ass nach dran, mee well se ni benotzt gëtt, ass se net méi an der Rei. Eisen Haff gëtt nämlech zënter Jore mat zwéin Holziewe gehëtzt, ee steet an der Kichen an een am Wunnzëmmer.
Mir kafe Laangholz vun der Gemeng, dat gëtt da vum Man, Tun an mir geschnidden a gerass fir an eis Iewen. Déi Aarbecht dobaussen an der Natur ass zwar ustrengend, mee dat gefält äis an ass eis Aart a Weis fir « Sport » ze maachen.
D‘Liewe bei äis doheem spillt sech am Wunnzëmmer of, well et hei ëmmer waarm ass, hei gëtt giess, geléiert, geschwat, gelaacht, erzielt, … Am Wanter fannen d’Kanner et moies e bësse schwéier, fir aus dem waarme Bett erauszeklammen. Mir sinn awer dervun iwwerzeegt, dass mir manner oft krank sinn, eise Kierper ass einfach méi robust ouni Heizung!
Wat woren Är Grënn, fir eng kleng “Farm” ze grënnen?
Zum Dram vum Landliewe gehéieren natierlech Déieren! D‘autant plus, wou d’Ställ vum Haff eidel stoungen, huet misse Liewen an dësen Haff erakommen! Ech hu fir d’éischt Schof gehal, duerno sinn déi 2 Haflingerpäerd mat engem Schéiferhond derbäi komm.
Wéi ech 2005 mat der Gemengepolitik ugefaang hunn, hat ech manner Zäit. Lues a lues hu mer d’Schof duerch Schwäin ersat. D’Schwäi brauchen nämlech net esouvill Auslaf.
Eisen Tun huet sech vrun e puer Joer eng 30 Hénger a 4 Inte kaaft, haaptsächlech fir Eeër ze produzéieren. Hien huet eng 7 Clienten am Duerf. Et geet awer net ëmmer duer fir d’Demande ze decken.
Ass et net ze schwéier, besonnesch fir d’Kanner, är Schwäin herno um Teller ze gesinn?
Et kritt een eng aner Bezéiung zu den Déieren, si hunn e ganz schéint Liewe bei äis, gi gutt gefiddert an hannert den Ouere gekraazt, mee den Doud gehéiert zum Liewe vun den Zuuchtdéieren derzou. Mir genéissen a wäertschätzen eist Fleesch. D’Lili hat am Ufank zwar refuséiert fir d’Fleesch vun eise Schwäin z’iessen, mee herno huet hatt et awer ganz gutt fonnt!
Wat denkt Dir, wat dëst alles de Kanner bréngt?
Ech mengen, dass si eng aner Bezéiung zur Natur a Realitéit kréien. Si gesinn, dass d‘Fleesch net am Supermarché am Cellophan op d‘Welt kënnt. Well eis Masuttsheizung sou gutt wéi ni geet, mierken si séier wéini Wanter a Summer ass. Si realiséieren, dass e waarmt Haus keng Selbstverständlechkeet ass a vill Aarbecht mat sech bréngt.
D’Jo fënnt nach: “Dass et wichteg ass, ze wësse vu wou mäin Iessen hierkënnt. Am McDonalds z.B. huet ee keng blass Ahnung, wat do alles am Fleesch dran ass. D‘Iesse schmaacht einfach besser, wann ech weess, dass meng Famill vill Aarbecht dra gestach huet.”
Wat ass Äre Message un d’Lieser?
Kommt mir versichen, äis de Realitéite vum Liewe méi bewosst ze sinn! D‘Schaffen a Wibbelen, sech engagéieren, dat kann dem Liewen e Sënn ginn! Wéi sot de Voltaire: “Il faut cultiver notre jardin.”
Fotoen: Michi Scheitler, Sëll
