De Charel an d’Mireille Goedert-Disiviscour mam Tom a Charel vun Osper: T’Charly’s Oil: Wien gutt schmiert, dien gutt fiert!

D’Famill Goedert-Disiviscour ass mat hiren 65 Zuchtsei deen eenzege Schwäin-Bioziichter vun dëser Gréisst zu Lëtzebuerg. Nieft de Schwäin huet d’Famill Goedert och nach eng 40 Angus-Ranner. Lues a lues fiert si awer mat der Déieren-Haltung zréck fir sech méi op d’Produktioun vun Ueleg ze konzentréieren.

Iwwer di leschten 8 Joer huet sech d’Famille Goedert nämlech op héichwäertegen Bio-Ueleg spezialiséiert. De Leindotter an d’Mariendistelen heifir ginn zu Osper ugeplanzt. Méi lokal geet et net! Fir des innovativ Iddi ass de Charel 2009 mam Bio-Agrarpräiss ausgezeechent ginn.

Firwat sidd Dir Biobauer ginn?

Ech ka mech nach erënneren wéi mäi Papp mam Striegel gefuer ass. Wéi d’Sprëtzmëttel opkomm sinn, hu se all gemengt: dat do ass fein Saach, elo sprëtze mer e puer Joer an da kennt ni méi Onkraut. De Géigendeel ass geschitt: Onkraut vergeet net! Am Biolandbau schwätze mer vun “Beikraut” amplaz vun “Onkraut”. All Planz huet hier Berechtegung! D‘Konscht ass just se an engem vertrietbaren Moos zur Kulturplanz ze halen, also dass se notzen ouni ze schueden.

Wéi mir de Bauerenhaff iwwerholl hunn, wollt ech op kee Fall mat Sprëtzen ufänken. Di Mëttelen si richteg schiedlech, si sinn am Fong fir d’Rüstungsindustrie am Krich entwéckelt ginn.

Och wann ee sech Bio net ëmmer ka leeschten, fanne mir, dass et fir d‘Grondnahrungsmëttel trotzdem wichteg ass op Bio zréckzegräifen wéi zB fir d‘Gromperen, de Poulet, d‘Eeër, asw.

Ech sinn och ee groussen Aktivist géint Genmanipulatioun. Genmanipuléiert Planze gi sou geziicht, dass se géint d’Sprëtzmëttel resistent sinn, de ganze Rescht geet awer futti duerch d’Sprëtzen. D’Analyse vun der Schiedlechkeet vun de Sprëtzmëttel wéi de Round-Up gi meeschtens vu Chemie-Konzerner gemaach, sinn also net objektiv. Mir sinn am gaang enorm vill Som-Zorten ze verléieren a vill Baueren gi komplett ofhängeg vu groussen Konzerner wéi Monsanto déi de Som an d’Sprëtzmëttel verkafen.

Wou kritt een är Produkter ze kafen, souwuel äert Fleesch wéi och är Uelegen?

Lëtzebuerg ass mat dat räichste Land vun der Welt, mee mir hu kee wierkleche Maart fir biologescht Fleesch. Et ginn ausser de Metzlereien Niessen, Quintus a Naturata keng Strukturen, keng Abnehmer a keng Point de Venten. Dowéinst exportéiere mir ronn 95% an d’Belsch. Mir maachen 3mol am Joer eng Fleesch-Tour, wou mir eist preparéiert an etiquetéiert Bio-Fleesch bei d’Leit heemliwweren. Bei Interesse kennt Dir Iech bei eis mellen.

Eisen Ueleg kann Dir a ville Biobutteker (Naturata,…) kafen, an der Réidener Spënnchen, beim Metzler Mathieu, um Kropemannsfest, am APEM Buttek zu Betteng,… a natierlech bei eis zu Osper! Mir bidden och flott Kados-Këschten mat eisen zwou Ueleg-Zorten un.

 Wéi sidd Dir op d’Iddi komm fir sou extra Uelegen ze produzéieren?

De Claude Neuberg, eise Landwirtschaftsberoder, huet eis d’Iddi ginn. Mir haten Leindotter als Wuess-Stütz ënner d’Ietsen geséint an donieft een Deel puren Leindotter. De Claude huet gemengt et wier ze Schued fir de Leindotter ze dreschen, dee misst onbedengt gepresst ginn!

Duerno hu mer och mat Mariendistelen experimentéiert, dee guer net einfach ass unzebauen. Gott sei Dank huet geklappt! Mariendistel huet eng grouss entgëftent Wierkung.

 Wat ass äre Message un d’Lieser vun der Synergie?

Ech verstinn net firwat eis Ministeren eis virgaukelen mir bräichten ee Wiertschaftswuesstem. Wuesstem geet ëmmer op d’Käschte vun engem aner: wann ee méi grouss gëtt, geet ee méi klenge futti. Eis Wiertschaft misst kenne mat 0% Wuesstem fonctionnéieren. Wa mir dat net hi kréien, da mécht d‘Mënschheet sech iergendwann selwer drop.

Eis Devise ass deelen, deelen, deelen! Eise Wuesstem geet op d’Käschte vun den Entwécklungslänner an vun der Natur. An dat alles fänke mer elo un ze spieren!

Méi Info? Famille Goedert, 12B rue Principale L- 8540 Osper Tel. 23 62 07 29

Charel Goedert