Marco Reiser vu Réiden: Nohalteg Bauen mat Betriber aus der Regioun!
De Marco Reiser ass de Gérant vun der Firma Reiser Constructions, déi hien mat sengem Associé Patrick Morais Da Cunha a senger Fra Marie-Paule leet, si beschäftegen 15 Salariéen. Seng Firma huet sech op d ‘nohaltegt Bauen spezialiséiert. De Marco ass och nach President vum CLIMEEC, eng Grupp vun Handwierks-Betriber aus der Regioun.
Är Firma ass eng vun deene beschte Firmen am Beräich nohaltegt Bauen am Land. Wat heescht „nohaltegt Bauen“ konkret?
Iwwer di leschten 15 Joer hu mir eng grouss Expertise am Beräich Niddereg-Energie / Passiv-Haiser an energetesch Sanéierungen u gesammelt. Ech hu vill Formatiounen a Séminairen am Beräich vum nohaltege Bauen an ökologesch Baustoffer besicht a versichen meng Erfahrungen an all Projet anzebréngen.
Fir d’Transportweeër sou kleng wéi méiglech ze halen, kafe mir eis Baustoffer an der Regioun. Sou spuere mir CO2 an, well vill Kilometeren vermidde ginn.
Eise ganze Stroum kafe mir bei EIDA an hetzen de ganze Site mat Offallholz vu Chantieren. Zousätzlech hu mir nach eng Reewaasser-Anlag installéiert a mir si Partner beim BEKI.
Bauen zu Lëtzebuerg ass de Moment immens deier. Wéi iwwerzeegt Dir är Clienten dass nohalteg Bauen, trotz méi héijem Präis, Sënn mécht?
Mir versichen eis Clienten ze sensibiliséieren, dass mer mat nohaltege Baustoffer den Impakt op eis Äerd reduzéiert a mer sou eise Planéit fir zukënfteg Generatiounen besser erhalen.
Well d’Masuttpräisser leider de Moment sou niddereg sinn, kenne mir net mam Finanziellen argumentéieren. Oft verzichten Clienten léiwer op ökologescht Material wéi op 10m2 Wunnfläch. Beim Präis vun de konventionelle Materialien sinn awer d’Folgekäschte net mat dran, déi vu der Allgemengheet musse gedroe ginn, wéi zB d’Entsuergungskäschten an d’Verschwannen vun begrenzte Rohstoffen. Zousätzlech erkläre mir eise Clienten dass ökologescht Baustoffer och keng Schadstoffen ofginn an dowéinst besser fir eis Gesondheet sinn.
Kann Dir eis kuerz erklären wat de CLIMEEC mécht?
De CLIMEEC ass 2011 lancéiert ginn a regroupéiert eng 18 Handwierksbetriber aus der Regioun déi no strikte Qualitéitscritèren zesummen schaffen. Wann Dir ee Projet vun engem Neibau oder enger Sanéierung wëllt ugoen, bekëmmeren mir eis em alles, vun der Planung, iwwer d ‘Subsiden, d’Koordinatioun vum Chantier mat de verschiddene Handwierker bis zur Receptioun vum Haus.
De Client briecht sech also em näischt ze bekëmmeren. Mir schaffen souwuel mat Gemengen, wéi och mat Privatleit.
Firwat ass et wichteg dass mir alleguer regional Betriber ënnerstëtzen ?
Wann Dir mat de Betriber aus der Regioun schafft, da bleift de Mehrwäert an d’Suen an der Regioun. Sou bleiwen dann och d‘Aarbechtsplazen garantéiert. Mat regionalen Aarbechtsplazen, bleiwen d‘Aarbechtsweeër kuerz a mir verhënneren nach méi Verkéiers-Chaos em d'Stad. An zu gudder lescht behalen mir eng héich Liewensqualitéit an der Regioun a brauchen net fir all Klengegkeet an Däitschland oder soss enzwousch ze fueren.
Wat ass äre Message un d‘Lieser ?
De Bausektor huet ee ganz groussen Impakt op eis Ëmwelt, nohaltegt Bauen kann dësem negativen Impakt sécherlech entgéint wierken.
Ob Gemengen, Privatleit oder Déngschtleeschter, komm mir ënnerstëtzen eis géigesäiteg a stäerken sou eis Regioun!
Méi Info? Marco Reiser - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! reico.lu Tel. 23 62 08 90 Réiden
CLIMEEC - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! climeec.lu Tel. 26 88 18 55 Biekerech
