Betty a Manfred Heimermann – Wio mam Eric vun Nidderpallen: Firwat do hetzen a beliichte wou mir net sinn?

D’Famill Heimermann vu Nidderpallen hëtzt haaptsächlech mat Holz an der Sonn, produzéiert de Gros vun hirem eegene Stroum selwer a passt ëmmer gutt op dass keng Energie verbëtzt gëtt. Iwwer di leschte Joren hu si vill kleng Moossnamen ëmgesat fir d’Wiermt am Haus ze behalen a genéissen hiert Doheem zënter deem nach méi.

Wéi hëtzt Dir äert Haus?

Mir hunn zwee Specksteeniewen: een an der Stuff, deen all Dag am Wanter un ass an een am Gank, dee just un ass wann et richteg kal gëtt. Eist Waasser maache mir mat enger thermescher Solaranlag waarm. Mir hunn och eng Masuttsheizung am Keller als Ënnerstëtzung fir d’Hëtze vun eisem Buedzëmmer, dem Eric sengem Zëmmer an eiser Kichen. Eis Masuttsheizung brauche mir awer wéineg, mir dréinen d‘Heizkierper ni voll op an hëtzen just wa mir grad am Raum sinn.

Vun Abrëll bis Oktober maache mir eis Heizung ganz aus, da geet eis thermesch Solaranlag duer fir d’Waarmwaasser ze produzéieren. Eist Haus ass nämlech ideal no Süden orientéiert. Dowéinst hu mir och zousätzlech nach eng Photovoltaik-Anlag (3,8 kWp) installéiere gelooss. Déi deckt ronn 75% vun eisem Stroumverbrauch. De Manfred schreift d’Produktioun vun eiser Anlag all Woch genau op.

Wat wor är Motivatioun fir op erneierbar Energien ze wiesselen an äert Haus z‘isoléieren?

Bei guddem Wieder gesäit een d’Killtierm vu Cattenom op eiser Terrasse, dat mécht eis scho bësse nervös. Fir dass keng weider Atomzentrale méi gebraucht ginn, wore mir entschloss eise Beitrag dozou ze leeschten. Mir hunn eis d’Fro gestallt, wat mir als Famill konkret kenne maachen. Wann ee sech e bësse Gedanke mécht, fënnt ee séier vill Méiglechkeeten.

Eisen Energieverbrauch am Haus ass iwwer all di Joren erofgaang. Besonnesch hu mir et gemierkt, no eise neie Fënsteren. Säitdem ass et och vill méi agréabel am Haus ginn, well et net méi dauernd ranzitt. Par contre, musse mer lo méi regelméisseg lëften, well eist Haus lo wierklech dicht ass! Dat maache mir och all Daach ee- bis zweemol, fir d’éischt kontrolléiere mer ob d’Heizkierperen all aus sinn an da ginn d’Fënsteren grouss opgemaach während 15 Minutten.

Wat och vill ausgemaach huet, ass d’Isolatioun vum Daach a vum Plafong vun eiser Garage. Wann et kal dobaussen ass, maache mer owes d ‘Rolllueden an de gehëtzten Zëmmeren rof fir dass keng Wiermt verluer geet.

Wat ass äre Message fir d’Lieser?

Firwat muss een do hëtzen a beliichten wou een net ass? Muss d’Heizung wierklech u sinn wa mer grouss lëften? Wa mir géint Atomkraaft sinn an eis Ëmwelt wëllen erhalen, muss all Mënsch ee Bäitrag leeschten, soss geet et net.

Et deet eis sécherlech net wéi, wa mer e bëssen am Alldag op d’Energie oppassen! An dem Portemonnaie deet et bestëmmt och net wéi!