Patrice Verscheure vu Réiden: Zäit ass fir mech méi wäertvoll wéi materiell Saachen
Am Kader vu senger Aarbecht organiséiert d’Patrice regelméisseg Kraiderwanderungen a Workshopen fir d’Bierger aus der Regioun, wou ee léiert mat natierleche Materialien, déi ee bei eis an der Natur fënnt, Produkter hierzestellen.
D’Patrice versicht bei allem wat hatt mécht den Impakt op eis Ëmwelt mat ze berücksichtegen. Dowéinst wunnt hatt no bei senger Aarbecht, a ka sou ze fouss op de Büro goen. Fir op Terminer an d‘Stad oder fir an d ‘Vakanz ze fueren, ass de Bus & Zuch ëmmer seng 1. Prioritéit.
Patrice, wat ass Deng Liewensphilosophie?
Ech versiche esou ze liewen, dass mäin Handelen a Wierken am Aklang mat de Prinzipien vun eiser Äerd sinn. Dat wat ech man, reflektéiert een déiwe Respekt an eng grouss Léift fir dëse Planéit. Ech kucke wéi d’Natur fonctionnéiert a versiche mech dorunner ze orientéieren: d’Natur produzéiert a konsomméiert en Masse, mee alles ass Deel vun engem Kreeslaf. All Output gëtt ëmmer rëm als Input fir ee neit Liewen benotzt. Et gëtt also keen Offall, well alles Bestanddeel vum Kreeslaf ass. Et gëtt och keen Schädling. D’Natur fonctionnéiert an engem Gläichgewiicht vun Op- an Ofbau an ech wëll een Deel vun dësem Kreeslaf sinn.
De Mënsch huet eng Zort Parallelwelt nieft der natierlecher Welt geschafen. Mir maachen d’Sonn no mat der Atomkraaft, konzipéieren nei Planzen duerch Genmanipulatioun, ersetzen Planze-Wierkstoffer duerch Chemikalien an leeën dat mënschlecht Bedierfnis no Kontakt a Verbindung an eng virtuell Welt. Dës Parallelwelt huet de Nodeel, dat si net am Gläichgewiicht ass. Si ass stänneg op nei Ressourcen ugewisen an hir Produkter notzen just dem Mënsch an dono kengem méi. De Kreeslaf ass domat ënnerbrach. Et entstinn Sakgaassen. Et entsteet Offall.
Wéi setz Du Deng Liewensphilosophie an der Praxis ëm?
Ech wunnen an engem Studio zu Réiden no bei menger Aarbecht. Vill Wunnraum brauch ech net, well ech sammelen net vill Saachen un. Ech dreemen allerdéngs dervunner eng Kéier an engem klengen Haus ze wunnen mat Gaart an Atelier, wat nëmmen aus Natur-Materialie gebaut ass a wat herno och rëm an den natierlechen Kreeslaf zréckgeet.
Akafe ginn ech zu Réiden an Ëmgéigend a wiele wann et geet regional an biologesch Produkter. Wann ech eng nei Investitioun maachen, dann wielen ech wa méiglech ee Produkt dat energiespuerend fonctionnéiert an ëmweltgerecht produzéiert gouf. Ee Produkt ass fir mech méi wéi de Präis an d‘Ausgesinn.
Wat ass Däi Message un d’Lieser?
Wa mir eis eiser Verbindung zur Natur méi bewosst ginn, dann liewe mir méi am Fridden. D’Natur ass da net méi eise Feind, géint dee mir eis ëmmer rëm musse schützen, mee ee Frënd, mat deem et Freed mécht zesummen ze liewen.