De Gérard Zoller ass Direkter vun der Faarwefabrik Robin zu Useldeng.

Nom Motto “Just start doing it“, huet de Gérard scho fréi ugefaang Ëmweltschutz a senger Firma op de Leescht ze huelen.

Nohaltegkeet am Betrib ass näischt néits fir Dech, wat hu Dir bei Robin schonn alles ëmgesat?

Di konventionell Faarwe gi mat Pëtrol a Léisungsmëttel produzéiert. 2002 hunn ech den Ustouss gi fir eng waasserverdënnbar Faarf (Gamme “Robinhyd”) ze schafen, déi keng Léisungsmëttel enthält. Heifir si mer 2002 mam Ëmweltpräis vun der FEDIL belount ginn.

2013 si mer mat der Gamme Verdello op de Marché gaangen, déi 100% planzebaséiert ass, also keng Léisungsmëttel, kee Pëtrol a keng Schuedstoffer enthält. Fir d’Verdello Faarf hu mir eisen 2. Ëmweltpräis gewonnen.

Mam Site et Monument hu mir kierzlech de flotte Projet “Terres et Traditions” ëmgesat, an deem mir Mineralfaarwe mat traditionelle Lëtzebuerger Fassaden-Téin entworf hunn.

Bei der ganzer Produktioun, versiche mir sou wäit wéi méiglech regional soss europäesch Rohstoffer ze verschaffe fir eisen ekologesche Fouss-Ofdrock kleng ze halen. Mir kafe just erneierbare Wandstroum fir eise ganze Site a sinn ee Superdreckskëscht Betrib.

Robin ass ganz rezent Member beim Beki ginn?

Genau, d’Iddi vum Beki sprécht mir aus dem Häerz: d’Suen an d’Wäertschätzung an der Regioun behalen, mat eisen eegenen Ressourcen schaffen an zesummen staark sinn. D’Verankerung vu Robin an der Regioun ass mir immens wichteg an dowéinst sinn ech och frou, dass vill vun eise Mataarbechter aus dem direkten Ëmkrees kommen.

Bestëmmt hu Dir nach interessant Projete lafen?

Jo, eis feelt et net u Projeten! De Moment si mer mat Baueren am gaang un engem spannende Projet ze schaffe wou Fluess (Flachs) op Quelleschutzgebidder soll ugeplanzt ginn, fir domat eng Ueleg-Faarf ze produzéieren. Wann dat klappt, dann hätte mer de komplette Kreeslaf, vun der Produktioun vu Rohstoffer bis zur Notzung zu Lëtzebuerg!

Donieft fuersche mer nach mat funktionelle Faarwen: Faarwen, déi Stroum leeden a sou d’Rotorblieder vu Wandmillen entäisen oder Faarwen, déi CO2 a Formaldehyden kënnen neutraliséieren.

Wat war Deng Motivatioun fir Robin an dës nohalteg Richtung zu steiren?

Dem Rob Hopkins aus der Transitiouns-Beweegung säi Saz

”Et gëtt keng Kavallerie, déi eis rette kënnt”

entsprécht genau mengem Striewen an Handelen. Ech sinn iwwerzeegt dervunner, dass och ee klenge Betrib villes ka beweegen. All Mënsch, all Betrib, all Gemeng kann eppes beweegen, et muss ee just ufänken!