De Gérard ass Schäffen zu Useldeng an Deputéierten an der Chamber

De Gérard engagéiert sech schonn zënter Jorzéngten fir eng méi nohalteg an ekologesch Gesellschaft an eisem Kanton. Hien huet a ganz villen Energie-Projeten matgewierkt. Och doheem ass Nohaltegkeet ugesot. Wat sech genau dohanner verstoppt, verréit hien eis an dësem Interview.

Wat ass nohalteg fir Dech?

Fir mech ass nohalteg ee Liewensstil ze féieren, deen och an 20 Joer nach Bëstand huet. Nohalteg ass, wa mir Saachen ëmsetzen oder bauen, déi eis Kanner sou kennen iwwerhuelen. Et bedeit och eis regional sou opzestellen, dass mir eisen Awunner villes kënne bidden: et soll „authentesch“ also aus der Regioun sinn, mat méiglechst engem positiven Impakt op eis Ëmwelt an et soll den zukënftegen Generatiounen och nach eppes bréngen. 

Wat ass alles nohalteg bei Iech doheem?

Eist Haus ass vun 1908, mir sinn di 3. resp. 4. Generatioun, déi hei dra wunnt. Bei den Ëmännerungen hu mer versicht, sou vill wéi méiglech Struktur-Elementer ze erhalen. Mir produzéiere Stroum iwwert eis Photovoltaik-Anlag a fir d’Haus ze hëtzen hu mir ee Pellet-Scheitholz Kombi-Kessel mat enger thermescher Solaranlag, déi nieft der Waarmwaasser-Produktioun och nach eis Heizung ënnerstëtzt. Eis Fassade, Keller an eisen Daach hu mer isoléiere gelooss. Bannen hu mer vill mat geuelegtem Holz geschafft an op ville Wänn ass ee Lehmbotz drop, wéinst dem gesonden Raumklima.

Säit 1,5 Joer hunn ech een Elektro-Auto. Och wann ech am Ufank hu misse léiere mech un déi reduzéiert Reichweit unzepassen, do muss en seng Mobilitéit mol erëm a Fro stellen, giff ech en nit méi wëllen hierginn. Mee am meeschte Liewensqualitéit hunn ech awer nach ëmmer, wann ech all Woch mäin “eegene” Chauffer hunn, an zwar am Bus fir an d’Stad!

Säit 20 Joer bestelle mir och ee Bio-Kuerf mat Uebst, Geméis a soss Liewensmëttel. Beim Fleesch leeë mir grousse Wäert drop, dass et bio a wa méiglech aus der Regioun ass.

Wat war den Ausléiser fir Däin Engagement fir eng méi nohalteg Gesellschaft?

No mengem Studium sinn ech duerch mäi gudde Frënd, de Paul Kauten, an d’Section locale vum Mouvement Ecologique erakomm. Wéi deemools an de 1990er Joren eng nei Héichspannungsleitung am Kanton Réiden sollt gebaut ginn, wollte mir beweisen, dass mir duerch zousätzlech Stroum-Aspuerungen dës net wäerte brauchen: d’Stroum-Spuerkampagne wor gebuer a mat hier den EnergieAtelier. No a no sinn d’Kooperative fir PV-Anlagen, d’Wandkraft-Anlagen zu Remmerech, d’Waasserrieder zu Béiwen an zu Useldeng derbäi komm. Wat mech och immens gefreet huet, ass dass ech déi eemoleg Chance als Enseignant hat, d’Formatioun zum Energietechniker am Atert-Lycée zu Réiden konnt mat entwéckelen an ëmzesetzen.

3 Wënsch….

Ech hoffen,

  1. dass d’Leit geschwënn zur Asiicht kommen, dass een an der Mobilitéit net just op den Auto muss setzen, mee dass den ëffentleche Verkéier méi Liewensqualitéit mat sech bréngt an dass ze Fouss goen eisem Kierper bestëmmt och gutt deet.
  2. dass mer Landwiertschaft a Naturschutz zesumme bréngen, well ouni d’Baueren kënne mir keen Naturschutz maachen, hei muss eng éierlech a solidaresch Kooperatioun entstoen.
  3. An zum Schluss wënschen ech mir, dass eis lokal a regional Ressourcen, wéi eis Natur, eise Patrimoine, eis Liewensqualitéit rëm richteg gewäertschätzt ginn.