Daniel Bourgeois* vun Holtz: Nohalteg Bauen ass net nëmme gutt fir eis Äerd, mee och fir eis Gesondheet

Den Daniel Bourgeois interesséiert sech bei der Renovatioun vun alen Haiser a beim Bau vu neien Haiser net nëmmen un der Physik vum Haus, mee och un der Gesondheet vum Mënsch. Hee setzt sech zënter laangem an fir ee méi nohalteg an ekologescht Bauen hei am Land.

*Den Daniel Bourgeois ass Expert / Formateur am Beräich Nohaltegt Bauen um IFSB (Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment).

Daniel, wat denkt Dir vun der aktueller Entwécklung am Bau?

Et ass ganz luewenswäert, dass Lëtzebuerg sech sou drugëtt fir héich Energie-Standards am Bau vu néien Haiser a Gebaier ze fuerderen. Mir wäerten 2017 dat éischt Land an der EU sinn, wou Passiv-Standard am Neibau obligatoresch ass. Dat heescht et däerf een ab 2017 näischt neies bauen wat net Passiv-Standard ass. All neit Haus muss dann eng Lüftungsanlag hunn, sou wéi eng déck Isolatioun. A punkto Energieverbrauch sti mir da ganz gutt do, wann d’Haus bis fäerdeg ass.

Wat mir awer an dëser ganzer Entwécklung feelt, ass d’Berücksichtigung vun eiser Gesondheet. Bei der Sanéierung vun alen Haiser gëtt vill Styropor als Dämmstoff benotzt. Mir hunn domat vläicht de Problem vun der Energie geléist, mee et ka ganz gutt sinn, dass mir dann op vill néi Problemer stousse wéi z.B. dass mir dem Schimmel am Haus net lass ginn, dass mir krank ginn an dass de ganze Styropor spéider een Entsuergungsproblem ass.

Di ganz Fro vun der groer Energie, dat heescht déi Energie déi néideg ass fir di ganz Bau-Materialien hierzestellen an ze transportéieren, gëtt oft net mat an der Energiebilanz berücksichtegt. Di héich Käschte vum Entretien (Lüftungsanlag, Puits canadien,...) vu Passiv-Haiser ginn och oft am Ufank vergiess.

Wat proposéiert Dir als Alternativ?

Ech soen net dass alles schlecht ass, mee ech setze mech dofir an, dass mir rëm méi Respekt virum Bau kréien. Wa mir eng déck Schicht Styropor op eis baussescht Wänn pechen, doe mir eisem Aalbau wéi. Mir mussen fir d’éischt eng Analyse vun eisem Haus man fir ze kucken wat fir Materialien de Bau verdréit. Natierlech muss och gekuckt ginn wéi d’Liewensgewunnechten vun de Leit sinn, fir dass se sech herno wuel fillen an hirem Haus. Schliisslech bezuelen se dat jo oft 30 Joer laang of.

Mir hunn de Moment een enormen Ressourcen-Verbrauch op eiser Äerd, besonnesch am Bau verschlénge mir enorm Quantitéiten u guddem Buedem, Mineralien an Energie. D’Fro, déi mir eis musse stellen ass: wat brauche mir wierklech fir glécklech liewen ze kënnen? Wat sinn eis reell Bedierfnisser? Ass een Haus vun 300m2 wierklech néideg? Mir mussen vill méi mat der Natur am Plaz géint Natur bauen a liewen. Eng universell Kreeslafwiertschaft musse mer och onbedengt erreechen. Mir mussen de Wäert vun eise Ressourcen rëm schätze léieren.

Loosst eis dëse Wiessel fräiwëlleg a geplangt ugoen, iert mer en iergendwann vun den onerbittlechen Natur-Gesetzer op erzwonge kréien.