Toni Rodesch vun Ueschdref: Um Vëlo genéisst een d ‘Natur am meeschten!

Den Toni fiert zënter 25 Joer mam Josée, senger Fra, Vëlo an der Vakanz. Si hu sou scho vill wonnerschéin Regiounen a Vëlosweeër an Europa entdeckt, wéi zum Beispill den Donau-Radweg vu Wien op Budapest, den Elbe-Radweg vu Wittenberg op Dresden, de Mosel-Rad-Weg bis op Koblenz, de Lubéron, d’Bretagne, de Südtirol an d‘Belsch Plage. Den Toni ass zuguer scho mam Vëlo a 9 Deeg vu Metz op d’Côte d’Azur gefuer.

*Den Toni Rodesch ass Buergermeeschter a Member vum Rammericher Klimateam.

Wou wor Dir dëse Summer mam Vëlo ënnerwee?

Dëse Summer wore mir op der EuroVeloRoute 6 laanscht d’Loire a Frankräich ënnerwee. D’EuroVeloRoute verlafen duerch ganz Europa vu Norde bis Süden a vun Oste bis Westen a sinn duerchgehend ausgeschëldert (fir méi Info: www.eurovelo.org). De Vëloswee laanscht d’Loire ass landschaftlech immens schéin. Well den éischten Deel an Zentral-Frankräich net sou touristesch ausgebaut ass, muss een awer gutt équipéiert sinn, soss riskéiert ee mol eng Kéier kee Mëttegiessen ze fannen. De westlechen Deel zum Atlantik hin huet awer immens gutt touristesch Infrastrukturen, do erhéngert ee sécherlech net!

Wat gefält Iech sou gutt un de Vëlos-Vakanzen?

Ech fanne Vëlos-Vakanze sou flott, well een dauernd an der Natur an an der frëscher Loft ass. Dat sinn ideal Konditioune fir kënnen ofzeschalten. Um Vëlo erlieft een d ‘Landschaft och ganz anescht wéi am Auto. D‘Vitesse um Vëlo, zumindest wann ee sou wéi mir ouni Stress fiert, ass perfekt fir d ‘Natur an d‘Landschafte richteg kennen op sech awierken ze loossen. Och wa mir pro Daach eng 80 bis 90 Kilometer fueren, sëtze mir eis net ënner Drock a gi villes ënnerwee kucken. Mir ginn och gäre wanderen, mee um Vëlo ass ee vun der Distanz hier net sou begrenzt.

Wat fir ee Message hu Dir fir d’Lieser?

Et ass wierklech derwäert Vëlo zu fueren. Och bei eis am Land ginn et immens flott Vëlospisten. Hei an der Gemeng si mir derbäi zwou Pisten an den nächste Joren auszebauen: di éischt vun Rammerich op Kietscht an di zweet vun Kietscht iwwer Ueschdref op Ensber.

Wann ee mam Vëlo an der Vakanz ënnerwee ass, soll een awer net vergiessen d ‘Liewen ze genéissen! Ech fannen et soll een di lokal Spezialitéiten probéieren, sech d’Dierfer an d’Stied ukucken an net just strampelen a sech vu Müsli-Riegelen ernähren!

Verrot Dir eis nach äre nächste Projet?

Dee Projet, deen ech nach virun An hunn, ass fir vun hei op de Bodensee ze fueren.