Michel Mergen vun Hueschtert : Regional produzéierte Solar- a Wandstroum sinn d’Léisung!
De Misch ass zesumme mat senge Bridder, Abbes a Rog, vu Bilschdref Besëtzer vun e puer grousse Solaranlagen, déi souvill Stroum produzéiere wéi ronn 25 Haushälter an der Gemeng Rammerech verbrauchen. De Misch ass och een engagéierte Member vum Rammericher Klimateam.
Misch, Du bass mat Denge Bridder ee vun de gréisste Stroum-Produzenten aus der Gemeng. Wéi ass et dozou komm?
Ech hu scho laang dervu gedreemt mäin eegene Stroum ze produzéieren, dat huet mech einfach ëmmer faszinéiert! Ursprénglech wollt ech ee Wandrad am Gaart bauen, du sinn ech vun der Solarenergie ofgelenkt ginn.
Meng Bridder hu grouss Daachflächen, déi sech gutt eegenen fir Solaranlagen. Ech hunn hinnen sou laang een Ouer gemat bis 2003 eis éischt Anlag vun 48 kWp zu Bilschdref op der Buch un d’Netz gaang ass. Mir hätte nach gäre méi geluecht, mee vun der Kapazitéit hier wor deemools net méi dran. 2012 si nach zwou weider Anlagen derbäi komm, eng vun 17 kWp, op eisem Heemechtshaus zu Bilschdref, an eng zweet vun 60 kWp an der rue Abbe Neuens, wou dann och de Philippe Origer matgemat huet.
Säit 2014 sinn ech och Aktionär vun 10 kWp bei Rambrouch-Solar, enger Gemeinschaftsanlag vun 85,5 kWp.
Ass Däin Wonsch vun engem Wandrad dann elo mat den Solaranlagen verschwonn?
Meng Flam fir d’Wandkraft ass ugaang wéi zu Mompech 1996 di éischt Anlagen opgeriicht goufen. Ech fannen e Wandrad ass, niewend der Photovoltaik, déi ideaalste Form vu Stroumproduktioun fir d’Natur. Natierlech sinn d’Wandrieder net onsiichtbar, mee ech mengen et ass net sou schwierig fir d’Natur sech un des unzepassen, ewéi un d‘Konsequenzen an de Knascht déi d’Kuelenkraftwierker an d‘Loft blosen. An et wäert nach Dausenden vun Joer daueren bis d’Natur den Atom-Offall vun den Atomkraaftwierker verkraft huet..
Mir mierken dass Deng Flam fir d’Wandkraft nach net ausgaang ass! Wat fir ee Message géings Du eis all gäre mat op de Wee ginn?
Ech mengen d‘Léisung ass ze versichen sou vill wéi méiglech bei eis ze produzéieren. Kee vun eis gesäit gären Héichspannungsleitungen iwwer laang Strecken duerch d’Natur an d’Landschaft. Dofir musse mer de Stroum op der Plaz produzéieren, also do wou en och verbraucht gëtt. Zousätzlech zur Photovoltaik muss de Wandstroum kommen, an dat geet eben nëmme mat Wandrieder, déi mer an Natur aplanzen.
D‘Politik soll net just drop waarden, dass d‘Bierger sech manifestéieren, mee et ass och an der Verantwortung vun der Politik hier Bierger ze sensibiliséieren, dass mir sou vill wéi méiglech alternativ Energien brauchen. Di eenzeg alternativ Energien déi mir hei am Kanton hu, si Sonn a Wand. D‘Sonn eleng geet net duer, domat liichte mer nuets net.