Patrick Lanners vun Huewel: Manner Stress mam Bus!

Patrick Lanners vun Huewel

„Ech fueren meeschtens mam Bus op meng Arbecht an der Staad. Et wor am Ufank e bessi komesch manner flexibel ze sin, mee ech sinn awer vill méi entspaant wann ech op der Aarbecht ukommen an och wann ech rem Heem kommen. Mam Auto mueres am Berufsverkéier ass Horror an en plus kommen d’Käschten fir den Sprit, d’Pneuen an de Parking derbai. De Bus brauch baal genee su laang an kascht mech maximal 4 € den Daach. D’Zait am Bus notzen ech fir ze raschten oder ze schloofen.

Enn 2012 hun mir een aalen Café zu Huewel kaaf, deen mir selwer zenter zwee Joer am gaang sin mat ökologeschen Materialien ze sanéiren (Daach-Dämmung mat Holzfaserplaquen, Buedem-Isolatioun mat Glasschaumschotter, Kallekbotz, Reewaaser-Opfänk-Bassin,…). Als Autodidakt, hun ech mech vill an des Thematik ragelies, an mech iwert di verschidden Materialien informéiert. Ech maan alles selwer am Haus, ausser de Fensteren. Och wann d’Sanéierung vill Sacrificen verlaang an et oft einsam gett wann een aleng lang Stonnen schafft, hun ech immens vill baigeléiert an et ass een gutt Gefill wann herno alles sou klappt wéi een sech daat wenscht. “