Jos Marcus vu Rëmmereg: Mam Velo op d'Schaff fueren mecht Spaass!

De Jos Marcus vun Remmerech fiert zënter 7 Joer, wann d ‘Wiederconditiounen et erlaben, mam Vëlo op d ‘Aarbecht an den Atert Lycée wou hien Proff ass. Di éischt Joren ass den Jos iwwer d ‘Haaptstrooss (N12) gefuer, mee well et dunn wéinst ëmmer méi Verkéier ze geféierlech ginn ass, huet hien sech een E-Bike kaf an fiert elo iwwer Iewerleng op d ‘Vëlospist op Réiden. Och wann dës Streck duebel sou laang ass, fillt hien sech hei mech sécher an kann den Trajet op d ‘Schaff rëm voll genéissen. 

Här Marcus, firwat fuert Dir mam Vëlo schaffen?

Vëlo fueren mécht einfach Spaass an et deet dem Kierper an der Séil immens gutt! An natierlech deet et dem Klima och gutt!

Leider gesäit een ganz wéineg Vëlosfuerer hei am Kanton mam Vëlo op d ‘Schaff / Schoul fueren. 

Jo, effektiv ginn et quasi keng Schüler, déi mam Vëlo an d‘Schoul fueren. Ech verstinn, dass den Trajet vun verschiddenen Schüler ze wäit ass fir mam Vëlo ze fueren, mee et ginn jo awer och eng Rei Schüler vu Réiden oder aus den Nopesch-Dierfer, wou de Vëlo eng gutt Alternativ zum Auto oder Bus wier. E puer Aarbechtskollegen kommen awer och mam Vëlo schaffen.

Wat sinn dann ärer Meenung no d’Ursaachen heifir?

Verschidden Strecken sinn einfach ze geféierlech, wëll nach net iwwerall Vëlospisten sinn, wéi z.B. vum Preizerdaul op Réiden. Grouss Ëmweeër fir op eng Vëlospiste ze kommen huelen d ‘Schüler moies frei net a Kaf. A Réiden sëlwer ginn et och nach e puer Geforepunkten fir bei de Lycée rop.

Wéi den Atert Lycée gebaut ginn ass, wor ëmmer gesot ginn, dass all d’Schüler aus dem Kanton d‘Méiglechkeet solle kréien iwwer ofgeséchert Weeër an den Atert Lycée ze kommen. Mee leider ass dat Konzept nach net ganz ëmgesat ginn.

Wéi kinnte mer erreechen, dass de Vëlo och méi benotzt gëtt fir op d ‘Aarbecht oder an d ‘Schoul ze fueren? 

Wann d ‘Kanner sech vun klengem un géingen drun gewinnen mam Vëlo an d ‘Schoul ze fueren, géint dat iwwer di 13 Schouljoeren ee Reflex ginn. Dowéinst mengen ech, dass mer scho sollen an der Grondschoul usetzen. Natierlech muss d ‘Sécherheet op der Strooss iwwerall assuréiert sinn mat Signalisatioun fir d ‘Autosfuerer, Marquagen asw.

Vläit brauch et och nach Impulser vun uewen rof: an verschiddenen europäeschen Länner wéi zB Däitschland kann een all puer Joer een neien Vëlo vun den Stéieren ofsetzen, wann een dermat op d’Aarbecht fiert.

D ‘Conditiounen mussen geschaaffen ginn, dass Vëlofueren am All-Daach sécher an praktesch ass. Dozou gehéieren zum Beispill och ofschléissbar Vëlos-Anlagen bei Bushaltestellen. Ech bezweiwelen, ob de neien Auto- Parking beim Lycée dat richtegt Zeechen gesat huet.

Här Marcus, wat fir ee Message gitt Dir de Lieser gäre mat op de Wee?

Wann ee mam Vëlo op d’Schaff fiert, fillt een sech einfach vill besser! De Vëlo ass och méi convivial, et bléift een mol stoen fir ee Wuert mat engem ze schwätzen, wat beim Auto net méiglech ass. Vëlosfuerer änneren vill un engem Duerf- oder Stadbild. Mam Auto kënnt een iergendwann un d’Grenzen an dann steet een am Stau.

Jos Marcus mam PedelecJos Marcus vu Rëmmereg