Wat soen eis nei Gemenge-Responsabel zum Klimaschutz?

Wat wëll är Gemeng di nächste 6 Joer fir de Klimaschutz maachen? Wat sinn är Ziler am Klimapakt?

Mir bedeelegen eis um kantonale Projet vum Wandpark Réidener Kanton. Eng vun de 6 Wandmille soll an eis Gemeng stoe kommen.

De Moment beschäftege mir eis méi intensiv mat der Mobilitéit an eiser Gemeng. Am Kader vun der leschter Mobilitéitswoch hate mir eng Table Ronde mat eise Bierger organiséiert fir Iddie vu baussen ze kréien. D’Aféierung vun 30er Zonen op eise Gemengestroossen ass deemno envisagéiert. A punkto Fouss- a Vëlosweeër versiche mir weiderhin nei Verbindungen ze schafen (Beispill: PAP Millewiss - Haaptstrooss, Ell - Kolpecher Schlasspark). Et ass eis wichteg, dass sech all Schoulkand an all Bierger sécher an op direktstem Wee ze Fouss oder um Vëlo an eiser Gemeng ka beweegen.

Eng weider Prioritéit ass de Quelleschutz. Och wa mir bal 95% vun eisem Drénkwaasser vun der DEA (Distribution d’Eau des Ardennes) kréien, hu mir zwou Buerungen, déi mir exploitéieren.

Bei eise Gemengegebaier, wëlle mir eis bestehend Gebaier op de Leescht huelen an do steet eise Centre Culturel Camille Ney ganz vir op der Lëscht. Hei solle punktuell energetesch Moossnamen ergraff ginn, déi och zur Verbesserung vum Confort solle bäidroen.

Am Klimapakt war virgesinn, dass mir dëst Joer eis géinge fir Gold zertifizéiere loossen. Aus Zäitgrënn hu mir dat awer leider missen op d’nächst Joer verleeën.

Wéi versicht Dir är Awunner mat an d’Klima-Boot ze kréien an ze motivéiere matzemaachen?

Mir versiche reegelméisseg Bierger-Versammlungen z’organiséieren, fir Impulser a Réckmeldunge vun eise Bierger ze kréien. Duerch verschidden Aktiounen, wéi zum Beispill während der Mobilitéitswoch oder um Kolpecher Schlassfest, versiche mir eis Bierger ze erreeche fir hier Bewosstsinn a punkto Klimaschutz unzereegen. An all Buet, publizéiere mir e puer Säite vum Klimateam a vum EnergieAtelier.

Wat sinn di wierkungsvollst Klima-Projeten, déi Dir an der Vergaangenheet ëmgesat hutt?

De viregte Schäfferot huet un deem selwechte Strang gezunn a mir si frou dass dank hirem Asaz d’lescht Joer eist neit Passivhaus-Gebai vun der Maison Relais a Sportshal ageweit gouf. Gläichzäiteg hu mir ee Wärmenetz geluecht, un dat praktesch all eis kommunal Gebaier vun Ell ugeschloss sinn an dat iwwert eng nei Holzhackschnëtzel-Anlag gehëtzt gëtt. Eis Schoul gouf schonn 2005 am Niddregenergie-Standard gebaut an ass bis d’lescht Joer mat enger Pelletsheizung gehëtzt ginn. Dës gëtt elo just nach als Réserve fir d’Wärmenetz benotzt. Op der Schoul läit nach eng thermesch Solaranlag fir Warmwaasser-Produktioun. An op eiser neier Sportshal / Maison Relais läit eng nei Photovoltaik-Anlag. Um Atelier an op der Schoul läit och sou eng Anlag, déi iwwer d’Bierger aus eiser Gemeng finanzéiert gouf.

2013 huet d’Gemeng Ell een Elektro-Auto kaf an 2015 een Elektro-Vëlo.

Wat sinn ärer Meenung no méiglech Léisunge fir Lëtzebuerg an der Klima-Politik?

Sou laang mir den aktuelle Wuesstem net stoppen, gëtt alles war mir fir de Klimaschutz maachen, duerch de neien Zouwuess opgiess. Mir sinn am gaangen eis gutt Liewensqualitéit ewech ze schneiden, mam massiven Transport an deem ganze Verbauen. Loosst eis éierlech sinn, nohaltege Wuesstem gëtt et net!
Mir brauchen ee Paradigme-Wiessel, ee Wäerte-Wandel, ewech vum Konsum an dem Zwang ëmmer méi mussen ze besëtzen. Eisen aktuelle Verbrauch u Ressource läit wäit iwwer eise Verhältnisser. Bei dësem Wiessel, muss all Mënsch seng Responsabilitéit huelen a net egoistesch a kuerzfristeg denken, mee un de Wuel vun de kommende Generatiounen. An alle Beräicher, besonnesch an der Mobilitéit an an der nohalteger Energieproduktioun, ass nach Loft no uewen zu Lëtzebuerg.

Wat bréngt der Eller Gemeng d’Zesummenaarbecht am Kanton um Niveau vum Klimaschutz?

Als kleng Gemeng profitéiere mir immens vill vun dëser Zesummenaarbecht. Et ass evident, dass et méi sënnvoll ass zu 10 Gemengen zesummenzeschaffen, wéi wann all Gemeng hier eegen Zopp kacht. Ob dat elo bei der Schwämm, Musekschoul, Aktivitéitszone oder bei der Mobilitéit ass. Mir schaffen an all dëse Beräicher zesummen, et kennt een sech, et tauscht een sech aus, et léiert ee vuneneen. De Kanton mat all senge Syndikater an Initiativen huet fir eis just Virdeeler.

A elo huet jidderee vun Iech nach ee Wonsch...

Armand Schuh: „Ech wënsche mir, dass d’Atomzentral vun Tihange gëschter zougemaach gëtt! Wëll d’Gefor hei ass nach méi grouss wéi bei Cattenom.
An ech freeë mech 2020 eng Wandmillen zu Rued ze gesinn, dat ass definitiv méi berouegend unzekucke wéi d’Dampwolleke vu Cattenom.”

Heng Rasqué: „Ech wënsche mir, dass 2030 Cattenom ofgeschalt gëtt an dass mir bis da genuch grénge Stroum am Land produzéiere fir eisen eegene Verbrauch ze decken.”

Georges Weis: „Ech wënsche mir, dass mäer mat eisem Wuesstemszwang eis Natur nit méi onnëtz verbrauchen fir Saachen ze produzéieren, déi mer schlussendlech guer nit brauchen. Mäi Wonsch ass, dass mir zu Lëtzebuerg erëm léiere wat wierklech wichteg ass fir een zefriddent Liewen am Respekt mat Mënsch a Natur. Brauche mäer dee Wuesstum? Wier méi Biolandwirtschaft net eng Alternativ fir unzefänken?”