“Ihr, das Volk, habt die Macht – die Macht, Maschinen zu erschaffen. Die Macht, Glück hervorzubringen. Ihr, das Volk, habt die Macht, das Leben frei und schön zu gestalten – aus diesem Leben ein wundersames Abenteuer werden zu lassen. Lasst uns also – im Namen der Demokratie – diese Macht anwenden – vereinigt euch! Lasst uns kämpfen für eine neue Welt. “ aus dem Charlie Chaplin senger Schlussried aus dem Film "The Great Dictator"
"You, the people have the power - the power to create machines. The power to create happiness! You, the people, have the power to make this life free and beautiful, to make this life a wonderful adventure.Then - in the name of democracy - let us use that power - let us all unite. Let us fight for a new world!" Charlie Chaplin The Great Dictator

Nei Veloskaart vum Westen
De Kanton Réiden zesummen mat Leader West an der Gemeng Mäerzeg hunn eng nei Veloskaart rausbruecht.
Wann Dir sou eng Veloskaart wellt, dann frot un enner: 26 62 08 01 22 - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Maacht den Test: Sidd Dir schon Expert wat nohalteg Iessen ugeet?
Visite vum Benselter Wandpark
Am Kader vun der Wand-Kraft-Potenzial Analyse, hunn sech den 27. Juni 2015 Vertrieder aus den 10 Gemengen vum Kanton Réiden den Benselter Wandpark ugekuckt. Mir kruten ganz opschlossraich Erklärungen vun den Responsablen vun der SOLER suwéi vum Buergermeeschter an Schäffen vun der Gemeng Waiswampech.
De Kanton Réiden produzéiert 44% vun sengem eegenen Stroumverbrauch mat erneierbaren Energien aus dem Kanton
Di nei Statistiken sinn raus, de Kanton Réiden produzéiert 44% vun sengem eegenen Stroumverbrauch mat erneierbaren Energien aus dem Kanton. Domadder leie mir bal 10% iwwert dem Wert vum leschten Joer a kommen eisem Ziel vun 50% bis 2020 emmer ni no!

“Lo si mir schonn 10 Joer laang Noperen a léieren eis haut réischt kennen!”
Dëse Saz huet een öfters héieren während der éischter Informatiouns-Versammlung fir Betriber aus eisem Kanton, op déi den Interkommunale Syndikat vum Réidener Kanton (kuerz SIRK) den 28. September am Kader vum Klimapakt invitéiert huet.
Nëmme wa mir eis ënnereneen kennen a wëssen wat alles am Kanton ugebuede gëtt, kënne mir Synergie opbauen, Clienten weider vermëttelen (an eventuell verhënneren, dass se an d'Ausland akaafe ginn), eis méi gestäerkt no baussen positionéieren a vermaarkten a sou d’Wertschöpfung, d‘Suen an d‘Aarbechtsplazen bei eis behalen.
Ee staarkt Stéck Westen, l’Union fait la Force, eng gutt Liewensqualitéit fir all eis Awunner am volle Respekt mat der Ëmwelt a Patrimoine,... dat alles sinn d‘Ziler, déi an de Statute vum SIRK stinn, a vun deene verschiddene kantonalen Initiativen, déi op dëser Veranstaltung virgestallt goufen, mat ëmgesat ginn. Hei ass et kloer ginn, dass de SIRK schonn iwwer laang Joren mat dësen Initiativen versicht senger Missioun an Ziler gerecht ze ginn.
De Syndikat vum Réidener Kanton plangt d ‘Zesummenaarbecht mat de Betriber a weideren Treffen ze verdéiwen fir sou sengem Zil vun engem vereenten, liewegen, fortschrëttlechen, staarken a nohaltegen Kanton méi no ze kommen.
D'Virtreeg vun deene verschiddenen Initiativen kënnt Dir hei roflueden:
Den 12. Oktober huet de Nohaltegkeetsminster François Bausch di nei Generatioun vu Vëlosbeschëlderung zu Useldeng ageweit a Präsenz vu Politiker aus dem Westen, Vertrieder vun der Ponts et Chaussées a Presse, der LVI an vill aanere Persounen. Et ass nämlech genau hei wou di éischt Schëlder mat desem neie Gesiicht montéiert gouwen. Insgesamt ginn de Moment 670 Schëlder an de 19 Gemengen vum Réidener Kanton a Lëtzebuerg Leader West opgeriicht.
Mat der neier Beschëlderung, déi méi Informatiounen ausweist wéi di aktuell, hofft de Ministère méi Bierger op de Vëlo ze kreien. Op all Kräizung vum Vëlosnetz solle kloer Schëlder hikommen a sou assuréieren, dass kee méi verluer geet.

