De Samschden 21. Januar huet de Klimapakt vum Réidener Kanton op eng Visite vum Patrick François sengem Bio-Haff invitéiert. De Patrick huet hei eng 80 Béischten zu Hueschtert, déi hee fir d'Bio- Fleeschproduktioun hällt. Do dernierft planzt heen nach Bio-Mielwees un. D' Awunner aus dem Kanton, déi un der Visite deelgeholl hunn, si villes iwwer d'Bio Landwirtschaft gewuer ginn.
Mir soen dem Patrick villmools Merci a wënschen him nëmmen dat Bescht fir d'Zukunft!
De 9. Juli huet d'Klimateam vun der Gemeng Ell ee Vëlosoccasiounsmaart beim Kolpecher Schlass organiséiert.
Vun den ronn 40 geliwwerte Vëloen sinn der 17 verkaaf ginn an 10 un d'Croix Rouge gespendt ginn!
Ee volle Succès also!!
D'Waasserhaus vu Réiden huet zesumme mat de Klimateamen aus dem Réidener Kanton dräi Apéro am Gaart vu Mee bis Juli organiséiert. Ziel heivun wor fir interesséierte Awunner aus der Regioun ze weisen, wéi een ouni Pestiziden a soss Chemikalien kann säin Gaart bewirtschaften.
Mir woren eis 3 verschidde Gäert zu Biekerech, Ell a Proz ukucken. Mir soen de Propriétairen, dem Katy Fox, dem Renée Coljon-Thein an dem Vivianne a Steffan Van der Pal-Becker, ee grousse Merci dass si eis d'Diren opgemaach hunn an all den Participanten merci fir hiren Interessi.
No villen léierräichen Informatioune vun eisen draäi Gastgeber, hunn d'Participanten sech flott bei engem Patt an hausgemaate Snack ausgetauscht.
Zu Biekerch am Permakultur Gaart vum Katy Fox:
Zu Ell am Gaart vum Renée Coljon-Thein:
Am Préizerdaul beim Vivianne a Steffen Van der Pal - Becker:

Och dëst Joer huet d'Klimateam aus der Eller Gemeng groussen Asaaz um Kolpecher Schlassfest gewisen.
Ugefang huet et Samstes, den 9. Juli mam Vëlos-Occasiounsmaart. Duerno ass de Film "Demain" gewise ginn, wou eng 25 Spectateuren de Wee an dee nei aménagéierte Manège am Schlasspark fond hunn.
Sonndes um groussen Dag vum Schlassfest, huet de "KliMarc", ee Member aus dem Klimateam, Experimenter ugebueden déi de Klimawandel op eng bildlech Manéier Grouss a Kleng erklären. Am Atelier vun Wandel.bar kunnten d'Visiteuren hiren eegenen natirlechen Zahnpasta produzéieren. D'Stänn vu CELL, Beki an EnergieAtelier hunn hier Aktivitéite présentéiert. Et kunnt ee net nëmmen Pedelecen beim Stand vum S-Cape testen, mee och Elektro-Scooteren an Elektro-Autoen. Den Akabo-Bus wou ee Fair-Trade Kleeder fënnt, wor och dëst Joer rem derbäi.
D'Klimateam huet zwou Visite guidéen ugebueden: an de Marais de Grendel, ee grenziwwerschreitent Naturschutzgebiet an d'Kolpecher Biogas-Anlag.
A wann engem bei sou villen Aktivitéiten op eemol den Duuscht komm ass, huet d'Klimateam ee gudde regionale Refreshment servéiert!