Och dëst Joer ass rëm kräfteg an d'Pedalle gedréckt ginn am ganze Land während den 3 Woche vum Tour du Duerf.

Wou sti mir am Réidener Kanton?

De Réidener Kanton ass am Gesamtklassement den 2. ginn, no der Regioun Uelzechtdall. Et sinn 106 aktiv Vëlosfuerer aus dem Réidener Kanton matgefuer. Ee ganz GROUSSE MERCI un IECH all!!

 

Wat fir Gemengen huet di meeschte Kilometer op de Kapp gesammelt?

D'Gemeng Wal ass wéi all Joer, Spëtzereider! Wal, Dir sidd onschlobar!!!

 

A wat fir een Team am Kanton wor fir bäi?

An och hei sinn d'Vëlosfuerer aus der Waler Gemeng net ze schloen, Velo Wal ass mat bal 5.000 Kilometer de Gewënner, op di 2. Plaz kommen d'Rueder Velosgecken mat gutt 2.000 Kilometer.

De 27. November ass d'Eierung vun de Vëlosfuerer aus dem Kanton um 19:30 am Zärenhaus (1, rue de Nidderpallen) zu Réiden.