Och dëst Joer huet d'Klimateam aus der Eller Gemeng groussen Asaaz um Kolpecher Schlassfest gewisen.

Ugefang huet et Samstes, den 9. Juli mam Vëlos-Occasiounsmaart. Duerno ass de Film "Demain" gewise ginn, wou eng 25 Spectateuren de Wee an dee nei aménagéierte Manège am Schlasspark fond hunn.

Sonndes um groussen Dag vum Schlassfest, huet de "KliMarc", ee Member aus dem Klimateam, Experimenter ugebueden déi de Klimawandel op eng bildlech Manéier Grouss a Kleng erklären. Am Atelier vun Wandel.bar kunnten d'Visiteuren hiren eegenen natirlechen Zahnpasta produzéieren. D'Stänn vu CELL, Beki an EnergieAtelier hunn hier Aktivitéite présentéiert. Et kunnt ee net nëmmen Pedelecen beim Stand vum S-Cape testen, mee och Elektro-Scooteren an Elektro-Autoen.  Den Akabo-Bus wou ee Fair-Trade Kleeder fënnt, wor och dëst Joer rem derbäi.

D'Klimateam huet zwou Visite guidéen ugebueden: an de Marais de Grendel, ee grenziwwerschreitent Naturschutzgebiet an d'Kolpecher Biogas-Anlag.

A wann engem bei sou villen Aktivitéiten op eemol den Duuscht komm ass, huet d'Klimateam ee gudde regionale Refreshment servéiert!