E Sonnden, de 25. Juni, wor eng méi lass op de Vëlosweeër am Wëlle Westen. 208 Vëlosfuerer si beim Kulinaresche Vëlostour matgefuer an hunn de Wëlle Westen vun senger beschter Säit, op dem Vëlo, kënnegeléiert! Op de 6 kulinaresche Statiounen verdeelt op 5 verschiddene Gemengen (Réiden, Préizerdaul, Useldeng, Biekerech an Ell) gouf et Stärkung mat biologeschen a regionale Produkter.

D'Participanten wore sou begeeschtert, dass der vill sech direkt fir den Tour 2018 wollten umellen.

Mir soen all de Leit Merci, déi matgefuer sinn an all deene, déi mat bei der Organisatioun gehollef hunn.

 

Vum 27.6 bis den 8.7 huet den Atert-Lycée vu Réiden d’Campagne „Mam Vëlo an den ALR“ organiséiert. De Bilan vun dëser Campagne ass beandrockend:

-        86 verschidde Schüler déi matgemaach hunn

-        35 Schüler sinn an der Moyenne pro Dag mam Vëlo an d’Schoul komm

-        5800 km hu si sou zesumme mam Vëlo an deenen 2 Wochen zréck geluecht

-        9,5 km huet ee Schüler am Duerchschnëtt pro Schoulwee zeréckgeluecht.

Den 8. Juli war di grouss Präis-Iwwerreechung fir des 3 Kategorien:

An der Kategorie vun de meeschten Trajete mam Vëlo an d’Schoul waren 9 Schüler punktgläich virop, si sinn alleguer iwwer déi 2 Wochen all Dag mam Vëlo an d’Schoul komm:

Brimmeyer Sven vun Hueschtert, De Santis Nicolas vu Nidderpallen, Staudt Wendy vun Huewel, Jemming Max vu Protz, Schroeder Gil vu Protz, Trierweiler Anne-Marie vu Närden, Klein Sophie vu Beckerich, Meunier Loïc vu Nidderpallen, Pereira Tiago vu Protz

Si alleguer krute Präisser gesponsert vun S-Cape an Opti-Vue.

An der zweeter Kategorie vun den meeschte gefuere Kilometer um Wee an d’Schoul ass folgend Klassement raus komm:

  1. Plaz: Luca Hipp vu Pärel mat 336 km
  2. Plaz: Lynn Rommes vu Feelen mat 306 km
  3. Plaz: Jo Jedrysiak vu Feelen mat 238 km

Och fir dës stolz Gewënner sinn et flott Präisser gi vun S-Cape.

Déi Klassen déi am meeschten Trajete gefuer si waren:

4M2 (41 Trajeten), 9STP5 (40 Trajeten), 10PS (35 Trajeten).

Di éischt Klass krut ee Bong am Wäert vu 500 BEKI gesponsert vum Energie-Atelier an offréiert vun hirem President Gérard Anzia. Den EnergieAtelier ënnerstëtzt Aktiounen, déi versichen d’Vëlofueren an ze Fouss goen an eisem Kanton ze förderen fir sou manner ofhängeg vum Auto ze ginn.

Di nei Statistiken vun 2015 leien vir: d'Stroumbilanz vum Kanton Réiden bléift onverännert am Verglach zu 2014. De Kanton produzéiert och 2015 44% vun sengem Stroumverbrauch am Kanton mat erneierbaren Energien. Des Bilanz hues sech awer je no Gemeng e bessen verbessert, respektiv verschlechtert.

D'Waasserhaus an d'Klimateam aus dem Réidener Kanton organiséieren 3 Visiten zwësche Mee a Juli vu biologesch gehaalene Gäert am Kanton Réiden:

1. Visite:  Permakultur Gaart wor den  7. Mee vun 10h - 11h30 zu Biekerech mat 18 Participants

2. Visite:  Gaart ouni Pestiziden den 18. Juni vun 10h-11h30 zu Ell  - Nach 4 Plaaze frai!!

3. Visite: Gaart ouni Pestiziden den 2. Juli vun 10h-11h30 zu Prooz - Nach 5 Plaaze frai!!

Bei Interessi w.e.g. umellen (begrenzte Plaazen): Tel: 26 62 08 08    Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Logo ouni Pestiziden