Gees Du gäeren op d'Sich no den 10 kénge wëllen Déieren aus dem Wëlle Westen?

 

Hei fënns Du all d'Informatiounen zu de Safarien an den 10 Gemenge vum Réidener Kanton.

Eis Tier si NET ausgeschëldert (mat Ausnahm vum Préizerdauler Tour). Een Zil vun dëser Aktioun ass, dass eise Nowues an Zäite vu Navi a GPS nach wees sech mat enger Kaart rëmzefannen.

Een aanert Zil ass, dass d'Kanner an natierlech och hier Elteren schéin Ecker vum Kanton Réiden kennen léieren. Do dernieft gëtt bei all Geocache ee wëllt Déier aus eisem Eck virgestallt.

Wann Dir Iddien oder Virschléi, oder konstruktiv Kritik hutt, géinge mir eis iwwer all Feedback freeën: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Artikel Synergie vum Geocaching (pdf)

Wanns Du di 10 Verstécker all fond hues, an d'Stickeren agepecht hues, da waart een Diplom op Dech an der Tourist Info zu Useldeng (1, Millenhaff - ënnert der Buerg).

 

Hei ass alles wats de brauchs fir Deng

- 1. Safari an der Gemeng Biekerech: Kaart        Erklärungen   

- 2. Safari an der Gemeng Réiden:     Kaart        Erklärungen       

- 3. Safari an der Gemeng PréizerdaulKaart        Erklärungen

- 4. Safari an der Gemeng EllKaart          Erklärungen

- 5. Safari an der Gemeng WalKaart         Erklärungen

- 6. Safari an der Gemeng RammerichKaart       Erklärungen

- 7. Safari an der Gemeng Groussbus:     Kaart       Erklärungen

- 8. Safari an der Gemeng Viichten:  Kaart       Erklärungen

- 9. Safari an der Gemeng Useldeng:   Kaart     Erklärungen

- 10. Safari an der Gemeng Sëll:  Kaart       Erklärungen

 

Legend vun de Kaarten - fir dass Dir wësst, wat di verschidde Saachen op der Kaart bedeiten.

 

Hei fannt Dir och all d'Kaarten um Geoportail.

 

Mir wënschen Dir ganz vill Freed dobaussen an der Natur!

Maach mat beim Gewënnspill a scheck eis Deng schéine Foto aus dem Wëlle Westen bis de 15. September (Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!). Mat bëssi Chance gewënns Du eng Corbeille mat lokale Produkter.